De Wee op Tréier

Et gëtt 5 Méiglechkeeten, fir op Tréier ze kommen: Mam Auto, mam Zuch, mam Fliger, mam Vëlo oder mam Liniebus. Liest hei weider.

© EinkaufsErlebnis Trier
Iwwer dës Autobunne kommt Dir op Tréier:

A 1 vu Saarbrécken (ca. 1 Stonnn)
A 1 vu Kaiserslautern (ca. 1:15 Stonn)
A 1/A 48 vu Koblenz (ca. 1:15 Stonn)
A 1/A 48 vu Köln (ca. 2:00 Stonnen)
A 64 vu Lëtzebuerg (ca. 0:30 Stonn)

Iwwer dës Bundesstroosse kommt Dir op Tréier:

duerch d’Äifel:
B 51 aus Richtung Prüm/Bitburg

laanscht d’Saar:
B 51 aus Richtung Saarbrécken

iwwer d’Moselweinstraße:
B 49/B 53 aus Richtung Cochem/Bernkastel-Kues

iwwer d’Hunsrückhöhenstraße:
B 327/B 52 aus Richtung Hunsrück

laanscht d’Musel:
B 419/B 51 aus Richtung Frankräich/Lëtzebuerg

Zu Tréier parken
© Fotolia / den-belitsky - stock.adobe.com
Et gëtt aus villen däitsche Stied gutt Zuchverbindungen op Tréier. Nieft sëllechen Direktverbindunge kann een iwwert d’Garë vu Koblenz, Saarbrécken a Lëtzebuerg en Uschloss op Tréier kréien. Köln ass mat Tréier iwwer d’Eifelstreck duerch de vareo verbonnen.

Informatiounen iwwer Zich, Billjeespräisser a Reservéierungen:
Deutsche Bahn AG
Telefon: +49 180 6996633 (eenheetlech Nummer fir ganz Däitschland)
© EinkaufsErlebnis Trier
Et gëtt vill Vëlosweeër op Tréier: Iwwer separat Weeër duerch déi landschaftlech schéi Flossdällte vu Musel, Saar, Sauer a Kyll kommt Dir mam Vëlo op Tréier – meeschtens aus dem Verkéier eraus.

Dës Vëlosweeër op Tréier sinn ze recommendéieren:

Moselradweg: aus Richtung Koblenz d’Musel erop iwwer Cochem, Traben-Trarbach, Bernkastel-Kues a Schweich

Moselradweg: aus Richtung Diddenuewen (Frankräich) d’Musel erof iwwer Konz

Saarradweg: aus Richtung Saarbrécken iwwer Mettlach a Saarburg

Sauerradweg: aus Richtung Veianen iwwer Iechternach

Kyllradweg: aus Richtung Bitburg iwwer Kordel
© EinkaufsErlebnis Trier
Fluchplaz Föhren fir Sportfliger a Geschäftsfluchverkéier

Fluchhafe Lëtzebuerg mat internationalem Linneverkéier, 30 Minutte mam Auto bis op Tréier.

Vum Fluchhafe Lëtzebuerg erfort bitt flibco, Tel. +49 180 1507570, eng reegelméisseg Verbindung op Tréier un. Buche kënnt Dir iwwer www.flibco.com oder per E-Mail: info@flibco.com. D’Buslinn 117 vun der Firma Voyages Emile Weber verbënnt d’Stad Lëtzebuerg mat Tréier mat Stopp um Fluchhafe Findel.

Fluchhafen Hahn mat internationalem Linneverkéier, ca. 1 Stonn mam Auto bis op Tréier.

D’Shuttle-Busse vu flibco fueren e puermol den Dag vum Fluchhafen Hahn direkt op den Hauptbahnhof zu Tréier an erëm hannescht. Reservatiounen iwwer www.flibco.com
Mam Taxi op Tréier: ca. 100,- € (ee Wee)

Fluchhafe Saarbrécken (mam Auto oder Zuch ca. 1 Stonn)

Fluchhafe Frankfurt/Main

De FlixBus fiert tëschent dem Frankfurter Fluchhafen an Tréier (Busarrêt: Hauptbahnhof). D’Faart dauert ca. 3 Stonnen. Mam Auto brauch ee ca. 2 Stonnen, mam Zuch ca. 3 Stonnen (iwwer Koblenz).

Fluchhafe Köln/Bonn (mam Auto ca. 2 Stonnen, mam Zuch ca. 3 Stonne bei IC-Verbindungen iwwer Koblenz am Stonnentakt)

All d’Donnéeën ouni Garantie!
© Fotolia / Gabriele Niepenberg
Tréier ass och mat Linnebusse gutt z’erreechen. Siwe Busgesellschafte verbannen Tréier mat den Uertschafte ronderëm:

Stadtwerke Trier Verkehrs-GmbH
d’Staddeeler vun Tréier an d’Ëmgéigend
Tel. +49 651 717273

MB Moselbahn Verkehrsbetriebsgesellschaft mbH
Moseltal, Eifel, Sauertal
Tel. +49 6531 9680-0

Rhein-Mosel Verkehrsgesellschaft mbH
Hunsrück, Eifel, Saartal
Tel. +49 651 14752-0

Jozi-Reisen GmbH
Trier - Bitburg - Prüm - Aachen
Tel. +49 6502 5090

Sales Lentz
Shuttle-Service Trier - Flughafen Hahn - Trier
Tel. +49 180 15 07 570

Walscheid Busreisen
Trier - Zemmer - Dudeldorf
Tel. +49 6565 9293-0

ROBERT Reisen
Trier - Büdlicherbrück - Thalfang
Tel. +49 6504 1453

Müller-Kylltal-Reisen GmbH
Trier - Trierweiler - Udelfangen
Trier - Aach - Butzweiler Tel. +49 651 828460

Informatiounen iwwer d’Fahrpläng an aner Renseignementer zu Bus an Zuch an der Regioun Tréier fannt Dir ënner www.vrt-info.de.